Tierkesch Kumru Sandwich

Schwieregkeetsgrad 3/5

Mécht  4 Sandwiches • Preparatioun : 15 Min. • Kachen : 20 Min • Rezept vun reyhanskitchenn

  • -4 Bréidercher
  • -200g Kasar Kéis a Scheiwen (oder provolone oder gruyère Kéis)
  • -150g Sucuk (Tierkesch Wurscht), ouni Daarm, a Scheiwen
  • -100g Rënd- oder Dindesalami , a reng Scheiwe geschnidden
  • -100g Poulet- oder Schnuddelhongswurscht, a Sträifen geschnidden
  • -40g mëlle Botter
  • -2 déck Tomaten, reng geschnidden
  • -6 Kornischong (Essiggurke), a Sträife geschnidden
  • -Ketchup, Mayonnaise a Moschter
Tierkesch Kumru Sandwich

  1. 1D’Bréidercher opschneiden, mat Botter besträichen an an der Pan ubroden, bis se liicht brong ginn (ongeféier 5 Min). Op en Teller leeën a op d’Säit stellen.
  2. 2Sucuk, Salami a Wurscht an derselwechter Pan ubroden bis se knuspereg an d’Ränner liicht gerullt sinn. Aus der Pan huelen, op en Teller leeën a op d’Säit stellen. D’Fett vum Fleesch an der Pan loossen an d’ Scheiwe Kéis op alle Säiten ubroden bis se gëllen a knuspereg sinn.
  3. 3De Kéis virsiichteg aus der Pan huelen an op d‘ënnescht Brouthaltschegt placéieren, da mat Sucuk, Salami a Wurscht beleeën a mat Kornischongen an Tomaten garnéieren. Mat Ketchup, Mayonnaise a Moschter zerwéieren.