Tomaten a Moschter Taart

Schwieregkeetsgrad 1/5

Fir 1 Taart. • Preparatioun: 15 Min • Kachen: 35 Min • Rezept vun Vegelizious

  • -2 Tomaten « Cœur de Bœuf » oder normal 4 Tomaten
  • -3-4 Iessläffel Moschter "l’originale "
  • -1 Rull Bliederdeeg oder Quiche- & Taartendeeg (« pâte brisée »)
  • -3 Iessläffel Herbes de Provence
  • -1 Ee
  • -1 Iessläffel Seesam 
  • -1 Iessläffel Olivenueleg
  • -Salzflacken
  • -Schwarzen Peffer
Tomaten a Moschter Taart

  1. 1De Schäffchen op 190°C virhëtzen.
  2. 2Den Deeg op engem Bakblech ausrullen. Den Deeg mat enger Forschette e puer mol apicken.
  3. 3De Moschter um Deeg verdeelen an mat herbes de Provence bestreeën.
  4. 4Tomaten a reng Scheiwe schneiden an op dem Moschter verdeelen (Tomaten kënnt dir virdrun op engem Kichepabeier ofdrëpse loossen). Mat Salz a Peffer ofschmaachen.
  5. 5De Rand vum Deeg op d’ Tomate klappen. D’Ee verquirlen, de Rand domadder besträichen a mat Seesam bestreeën.
  6. 6D’ Taart fir 30 bis 35 Minutte bake bis de Rand liicht gëllen ass an d’Tomaten zaart sinn. E Schotz Olivenueleg iwwergéissen an eng Pouz Salzflacken driwwer streeën.