Gefëllte Gromperen

Schwieregkeetsgrad 3/5

Fir 4-5 Pers. • Preparatioun: 30 Min • Kachen: 90 Min • Rezept vun Apron&Whisk

  • -4-6 mëttelgrouss mielzeg kachend Gromperen (ca. 900-1000g)
  • -60g Speck, gehackt
  • -225g Rënns oder Schwengsgehacktes
  • -½ Enn, reng gehackt
  • -2 Knuewelekszéiwen
  • -1 Iessläffel Moschter "forte"
  • -1 Iessläffel Tomatekonzentrat
  • - 60g cheddar, gerappt
  • -1 Iessläffel Olivenueleg
  • -30g Botter, geschmolt
  • -½ Téiläffel Paprikapolver
  • -Salz & Peffer
  • -Bratzel oder Fréijoersënn
  • -Aïoli oder Ram
Gefëllte Gromperen

  1. 1De Schäffchen op 200°C erhëtzen.
  2. 2Grompere botzen, da puer mol mat enger Forschett upicken. Grompere fir 50 bis 60 Minutte baken, bis se duerch sinn. 15 Minutten ofkille loossen.
  3. 3Grompere längslech schneiden a mat engem Läffel aushielege bis 1,5 cm vum Rand. D'Fleesch vun deene Grompere kann ee benotze fir Gromperepüree ze maachen.
  4. 4Botter, Paprikapolver, Salz a Peffer an enger klenger Schossel vermëschen a d‘Gromperen domadder ganz apinselen. D’Gromperen op ee mat Bakpabeier beluechte Blech leeën (die geschniddene Säit no ënnen). Fir 15 Minutte bake bis se gëllen a knuspereg sinn.
  5. 5D’Enn 2-3 Minutte laang bei mëttlerer Hëtzt ubrode bis se Mell ass, wärend der leschter Minutt de Knuewelek derbäiginn.
  6. 6De Speck an d’Gehacktes derbäiginn a mat ubroden. Reegelméisseg réiere fir d’Fleesch ze zerbréckelen. Mat Salz a Peffer wierzen.
  7. 7Moschter a Tomatekonzentrat derbäiginn an nach 3 Minutte kache loossen.
  8. 8D’Grompere mat der Fleeschmëschung fëllen a mat Cheddar bestreeën. 6 Minutte baken, bis de Kéis komplett geschmolt ass.
  9. 9E puer Minutten ofkille loossen, mat e bëssen Aïoli, Bratzel oder Fréijoersënn garnéieren an zerwéieren.