- -2 déck Gromperen
- -2 Iessläffel Botter
- -1 Taass Mozzarella oder gerappte cheddar
- -Salz
- -Ketchup a Mayonnaise

- 1Grompere botzen (net schielen). An en Deppe mat Waasser ginn an opkachen. Wann d’Waasser bis kacht, d’Grompere 15 bis 20 Minutte kachen. Ofschëdden a mat enger Forschette e puer mol apicken. Grompere fir 20 bis 25 Minutten am Schäffchen (200 Grad) bake bis d‘Schuel knuspereg ass.
- 2Grompere längslech opschneiden (awer net ganz duerchschneiden). D’Grompere banne virsiichteg mat enger Forschette zerquetschen. Botter a Kéis derbäiginn, salzen a gutt vermëschen.
- 3Gromperen op Wonsch fëllen, zum Beispill mat Wurscht, Taboulé, russesch Zalot, Cornichons, Maiskären, Wurscht a Stécker geschnidden, Oliven a Granatapelkären.
- 4Wurscht a Stécker schneiden an an enger Pan mat Ueleg ubroden, 1-2 Iessläffel Ketchup an 0,5 Téiläffel Moschter derbäiginn an nach 1-2 Minutte kache loossen. E bëssen ofkille loossen éier d’Gromperen domadder gefëllt ginn.
- 5Mat Ketchup a Mayonnaise garnéieren a waarm zerwéieren. Gudden Appetit!