- -1 Steak
- -½ Baguette
- -3 wäiss Spargele
- -Parmesan, gerappt
- -4 Iessläffele Mayonnaise “aux oeufs”
- -2 Iessläffelen hausgemaachte Pesto
- -Salz a Peffer

- 1Spargele schielen an a gesalztem Waasser virkachen, awer loosst se net mëll ginn, well se duerno kuerz um Grill gebrode ginn.
- 2Dann d'Mayonnaise mam Pesto vermëschen a kill stellen.
- 3De Grill op 200 Grad virhëtzen.
- 4D'Baguette a Scheiwe schneiden, mat Olivenueleg beträufelen a vu béide Säiten um Grill toasten.
- 5De Steak op déi gewënscht Temperatur grillen.
- 6Wann de Steak bal fäerdeg ass, d'Spargele kuerz um Grill broden.
- 7Steak a Scheiwe schneiden an d’Spargel jeeweils a 3 Stécker schneiden.
- 8D‘Baguette Stécker jeeweils mat 1-2 Scheiwe Steak a e Stéck Spargel garnéieren an e Flapp Pesto-Mayonnaise drop maachen. Zum Schluss nach Parmesan driwwer streeën.