Hokkaidokürbiszopp mat Ram
Schwieregkeetsgrad
Et geet dach näischt iwwert eng Kürbiszopp mat Girollen a lëtzebuergeschem Moschter „original“, fir de Kierper an d’Häerz ze wiermen!
- -450 g Hokkaidofleesch
- -1 Gefligelbouillon
- -1 Zoppeläffel lëtzebuergesche Moschter „original“
- -300 g Girollen
- -10 cl flëssege Ram
- -20 g Botter
- -Gerappte Muskot
- -Salz a Peffer
- 1D’Kürbisfleesch a Cubë schneiden a mat 30 cl Waasser an eng Cocotte maachen.
- 2De Gefligelbouillon an e bësse Salz derbäiginn.
- 3D’Cocotte zoumaachen an 20 Minutte kache loossen.
- 4D’Girollë schneiden, wäschen an ofdrëpse loossen.
- 5Mam Ram Schlagsahn maachen.
- 6D’Girollen an eng Pan maachen a mat Salz a Peffer wierzen. Op klenger Flam ubroden.
- 7Wann de Kürbis schéi mëll ass, de Bouillon, de gerappte Muskot an de lëtzebuergesche Moschter „original“ derbäimaachen.
- 8Dat Ganzt mixen a virsiichteg d’Schlagsahn ënnerhiewen.
- 9Op d’Girollë schëdden a schéi waarm genéissen!