Sauce mat wäissem Wäin

Schwieregkeetsgrad 2/5

D’Rezept vun der berühmter Sauce mat wäissem Wäin a Moschter „à l’ancienne“ ass elo fir Iech kee Secret méi! Op d’Platen! Prett? Kachen!

  • -1 Zoppeläffel lëtzebuergesche Moschter „à l'ancienne“
  • -10 cl wäisse Wäin
  • -1 Zoppeläffel Kallefsfong
  • -1 Schallott
  • -10 cl Crème fraîche
  • -1 Schnatz Botter
Sauce mat wäissem Wäin

  1. 1D’Schallott kleng schneiden.
  2. 2D’Schallott mat dem Botter an enger Pan erhëtzen a regelméisseg réieren.
  3. 3En Zoppeläffel lëtzebuergesche Moschter „à l'ancienne“ derbäiginn a weider réieren.
  4. 4Mam wäisse Wäin an dem Kallefsfong ofläschen.
  5. 5Dat Ganzt akache loossen, d’Crème fraîche derbäiginn an nach emol akache loossen.
  6. 6Waarm halen.