Kleng Hamfeuilletéen

Schwieregkeetsgrad 1/5

Maacht all Äre Léifsten eng Freed dank dësem séieren a leckere Rezept mat Moschtert „original“. 100 % Freed!

  • -1 Rull Bliederdeeg
  • -3 Zoppeläffele lëtzebuergesche Moschtert „original“
  • -3 Tranchë gekachten Ham, a Lammelle geschnidden
  • -1 Tut gerappte Gruyère
Kleng Hamfeuilletéen

  1. 1De Bliederdeeg ausbreeden a lëtzebuergesche Moschtert „original“ dropschmieren.
  2. 2D’Ham an de gerappte Gruyère dropleeën.
  3. 3Eng ganz fest Rull maachen an 1 Stonn an de Frigo leeën.
  4. 4D’Rull aus dem Frigo huelen an an 2 cm déck Rondele schneiden.
  5. 515 Minutten am Schäffche bei 170 °C baken.
  6. 6D’Feuilletéen aus dem Schäffchen huelen, op engem schéinen Teller presentéieren an drop waarden, dass Dir Merci gesot kritt!