Kleng Hamfeuilletéen
Schwieregkeetsgrad
![1/5](https://moutarderie.lu/wp-content/themes/moutarderie/img/difficult_1.png)
Maacht all Äre Léifsten eng Freed dank dësem séieren a leckere Rezept mat Moschtert „original“. 100 % Freed!
- -1 Rull Bliederdeeg
- -3 Zoppeläffele lëtzebuergesche Moschtert „original“
- -3 Tranchë gekachten Ham, a Lammelle geschnidden
- -1 Tut gerappte Gruyère
![Kleng Hamfeuilletéen](https://i0.wp.com/moutarderie.lu/wp-content/uploads/2015/05/01-jambon_assiette.png?fit=2358%2C893&ssl=1)
- 1De Bliederdeeg ausbreeden a lëtzebuergesche Moschtert „original“ dropschmieren.
- 2D’Ham an de gerappte Gruyère dropleeën.
- 3Eng ganz fest Rull maachen an 1 Stonn an de Frigo leeën.
- 4D’Rull aus dem Frigo huelen an an 2 cm déck Rondele schneiden.
- 515 Minutten am Schäffche bei 170 °C baken.
- 6D’Feuilletéen aus dem Schäffchen huelen, op engem schéinen Teller presentéieren an drop waarden, dass Dir Merci gesot kritt!