- -300g mieleg Gromperen
- -3 Freijorszwiwwelen
- -½ Téiläffel Ingwerpaste
- -1 Téiläffel Sojaszooss
- -1 Ee
- -2 Iessläffel Miel
- -½ Téiläffel Salz
- -Planzenueleg, fir ze broden
- -Fir d’Okonomoiyaki Zooss :
- -4 Iessläffel Ketchup
- -2 Iessläffel Sojaszooss
- -2 Iessläffel Zocker
- -1 Iessläffel Wäisswäinesseg
- -½ Téiläffel Ingwerpaste
- -½ Téiläffel Moschter original
- -1 Knuewelekszéif, gepresst
- -Fir ze Zerwéieren :
- -Mayonnaise aux oeufs
- -Sesamkären
- 1Mat der Okonomiyaki-Zooss ufänken : all d’Ingredienten an en klengt Dëppen ginn, 2 Iessläffel Waasser dobäiginn an opkachen loossen. 5 Minutten kachen loossen, bis d’Zooss gedéckst huet. Op d’Säit stellen.
- 2D’Gromperen schielen, rappen an auspressen an an eng Schossel ginn. D’Fréijorszwiwwelen an Scheiwen schneiden an zesummen mat der Ingwerpaste, Sojaszooss, Ee, Miel an Salz bei d’Gromperen ginn an vermëschen.
- 3De Buedem vun enger Pan mat Planzenueleg bedecken an den Ueleg erhëtzen.
- 4D’Gromperemëschung an 3 Portiounen opdeelen an an der Pan 3 Gromperekichelcher formen.
- 5Op all Säit jeeweils 2-3 Minutten ubroden, dann aus der Pan huelen an op engem Teller mat Kichepabeier ofdrëpsen.
- 6All Gromperekichelchen mat Okonomiyaki-Zooss besträichen, dann mat Mayonnaise en Gitter-Muster dropsprëtzen, mat Sesam bestreeë an direkt zerwéieren.