Ouschternäschter

Schwieregkeetsgrad 2/5

Mécht 6 Näschter • Virbereedung : 15 Min • Schäffchen : 25-30 Min • Rezept vun Vegelizious.

  • -300 g Gromperen
  • -2-3 Iessläffel Miel
  • -1 Iessläffel Rapsueleg
  • -Salz a Peffer
  • -Paprikapolver
  • -Kräizkümmel, gemuelen
  • -Muskotnoss, gemuelen
  • -30 g Babyspinat
  • -6 Eeër
  • -Andalouse Zooss, fir ze zerwéieren
Ouschternäschter

  1. 1De Schäffchen op 190°C erhëtzen.
  2. 2D’Gromperen schielen an rappen, an d’Flëssegkeet aus de Gromperen pressen. Uschléissend an eng Schossel ginn.
  3. 3Miel an Ueleg derbäiginn an vermëschen. Mat Salz, Peffer, Paprikapolver, Kräizkümmel an Muskotnoss ofschmaachen.
  4. 46 Muffin-Formen mat Ueleg apinselen an d’Grompermëschung an der Form verdeelen. Näschter mat der Hand formen an fir 15 bis 20 Minutten am virgehëtzten Schäffchen baken.
  5. 5E puer Babyspinat Blieder ant d‘Näschter lëeen, an uschléissend mat jeweils engem Ee fëllen. Mat Salz a Peffer ofschmaachen an fir weider 10 bis 12 Minutten baken.
  6. 6Mat Andalouse Zooss fir ze dippen zerwéieren.