- -Fir d’Curryzooss:
- -1 Enn
- -1 Iessläffel Sonneblummenueleg
- -5 Téiläffel Currypolver
- -½ Téiläffel gereecherten Paprikapolver
- -½ Téiläffel Kräizkümmelpolver
- -3 Téiläffel Zocker
- -230g Ketchup
- -Ausserdeem:
- -4 Lëtzebuerger Grillwurschten
- -1 EL Sonneblummenueleg
- -Fritten, fir ze zerwéieren
- 1Fir d’Zooss, d’Enn schielen a kleng schneiden. 1 EL Sonneblummenueleg an enger Pan an d’Enn doranner 8 Minutten brode bis se mëll ass – di läscht Minutt de Currypolver, gereecherten Paprikapolver, an Kräizkümmelpolver dobäi ginn
- 2D’Ennen mam Ketchup an Zocker an e klengt Deppen ginn an erhëtzen. Vum Gas erofhuelen an mat engem Handmixer zu enger glaater Zooss mixen a waarm stellen.
- 3D’Wirschtercher mat engem Messer aritzen. De Sonneblummenueleg an enger grousser Pan erhëtzen a bei mëttlerer Hëtzt 8 Minutte broden, dobäi reegelméisseg dréinen bis se schéin brong sinn. Se kennen och gegrillt ginn.
- 4D’Wirschtercher a mondgerecht Scheiwe schneiden, vill Zooss op all Portioun verdeelen a mat Currypolver bestreeën. Mat enger gudder Portioun Fritten zerwéieren.