Lëtzebuerger Currywurscht

Schwierigkeitsgrad 1/5

Fir 4 Persounen – Virbereedung 25 Min. Rezept vun Anne’s Kitchen.
 

  • -Fir d’Curryzooss:
  • -1 Enn
  • -1 Iessläffel Sonneblummenueleg
  • -5 Téiläffel Currypolver
  • -½ Téiläffel gereecherten Paprikapolver
  • -½ Téiläffel Kräizkümmelpolver
  • -3 Téiläffel Zocker
  • -230g Ketchup
  • -Ausserdeem:
  • -4 Lëtzebuerger Grillwurschten
  • -1 EL Sonneblummenueleg
  • -Fritten, fir ze zerwéieren
Lëtzebuerger Currywurscht

  1. 1Fir d’Zooss, d’Enn schielen a kleng schneiden. 1 EL Sonneblummenueleg an enger Pan an d’Enn doranner 8 Minutten brode bis se mëll ass – di läscht Minutt de Currypolver, gereecherten Paprikapolver, an Kräizkümmelpolver dobäi ginn
  2. 2D’Ennen mam Ketchup an Zocker an e klengt Deppen ginn an erhëtzen. Vum Gas erofhuelen an mat engem Handmixer zu enger glaater Zooss mixen a waarm stellen.
  3. 3D’Wirschtercher mat engem Messer aritzen. De Sonneblummenueleg an enger grousser Pan erhëtzen a bei mëttlerer Hëtzt 8 Minutte broden, dobäi reegelméisseg dréinen bis se schéin brong sinn. Se kennen och gegrillt ginn.
  4. 4D’Wirschtercher a mondgerecht Scheiwe schneiden, vill Zooss op all Portioun verdeelen a mat Currypolver bestreeën. Mat enger gudder Portioun Fritten zerwéieren.