- -6 déck Tomaten
- -200 g Thon aus der Bécks, ofgeschott
- -4 Iessläffel Mayonnaise “aux oeufs”
- -1 Iessläffel gréng Oliven, gehackt
- -1 Iessläffel kalamata Oliven, gehackt
- -1 Iessläffel Kaperen, gehackt
- -2 Knuewelekszéiwen, zerdréckt
- -1 rout Enn, reng gehackt
- -½ Téiläffel Chiliflocken
- -1 Iessläffel Menthe, gehackt
- -1 Iessläffel Péiterséileg, gehackt
- -1 Iessläffel Zitrounejus
- -Salz a Peffer
- 1Tomaten opschneiden an aushielegen. Op en Teller leeën an opt d’Säit stellen. Den „Hutt“ vun den Tomaten kleng hacken fir herno ant d‘Fëllung dobai ze mëschen.
- 2All d’Ingredienten fir d‘Fëllung an eng Schossel ginn an gutt mëschen.
- 3Déi ausgehielegt Tomaten mat der Fëllung garnéieren, mat e bëssi Olivenueleg iwwergéissen an mat frëschen Kraider bestreeën. Direkt zerwéieren oder bis zum Zerwéieren an de Frigo stellen.