Spargelen a pochéiert Eeër

Schwieregkeetsgrad 3/5

Fir 4 Pers. •  Rezept vun Vegelizious

  • -1 kg gréng Spargelen
  • -4 Eeër
  • -2 Iessläffel Esseg
  • -Salz
  • -Peffer
  • -Béarnaiseszooss
Spargelen a pochéiert Eeër

  1. 1Den haarden Deel vun de Spargelen ofschneiden (ongeféier 1–2 cm) an den ënneschten Drëttel schielen. D’Spargelen a gesalztem, kachendem Waasser fir 6 bis 8 Minutte kachen, bis se mëll sinn, awer nach liicht knackeg bleiwen.
  2. 2Wärenddeems Waasser an engem groussen Dëppen zum Kachen bréngen an 2 Läffel Esseg derbäiginn (kee Salz derbäi maachen). All d‘Eeër an enger Taass opschloen an an kachend Waasser ginn. Mat engem Schaumläffel d’Fasere vum Eewäiss wärend dem Kachen ronderëm d’Eegiel zeréck an d’Mëtt féieren, sou datt se sech zesumme verbannen. 3 Minutte liicht kachen loossen. D’Eeër mat dem Schaumläffel eraushuelen an an eng Schossel mat Äiswaasser leeën.
  3. 3D’Spargelen mat Béarnaiseszooss an de pochéiert Eeër zerwéieren. Mat Salz a Peffer ofschmaachen an eventuell bëssen Olivenueleg derbäiginn.