Carbonade flamande
Schwieregkeetsgrad
![2/5](https://moutarderie.lu/wp-content/themes/moutarderie/img/difficult_2.png)
Dir maacht mat dësem Rezept mat Béier-Moschter och deem gréisste Gourmet eng Freed. E kulinaresche Klassiker!
- -Schnatz Botter
- -500 g Carbonade de boeuf (a Scheiwen oder als Ragoût)
- -2 Ënnen, a Lamelle geschnidden
- -4 Tranchë Brout
- -Moutarde de Luxembourg „à la bière“
- -500 ml Béier Simon Régal
- -Salz a Peffer
![Carbonade flamande](https://i0.wp.com/moutarderie.lu/wp-content/uploads/2015/04/Assiette_carbonade.png?fit=1000%2C500&ssl=1)
- 1D’Fleesch an engem Dëppen ubroden
- 2Wann d’Fleeschstécker brong sinn, de Béier Simon Regal an d’Ënnen derbäiginn.
- 3Salzen a pefferen. Den Deckel dropmaachen an 1/2 Stonn lues kache loossen.
- 4Moschter op d’Tranchë Brout schmieren an d’Brout op d’Fleesch leeën (ouni se ze briechen oder mam Fleesch ze vermëschen) a minimum 1,5 Stonn bei klenger Flam lues kache loossen.
- 5Wann d’Fleesch mëll ass, alles vermëschen.