Classic Burger
Schwieregkeetsgrad
![2/5](https://moutarderie.lu/wp-content/themes/moutarderie/img/difficult_2.png)
D’obligat Molzecht fir all Amateur vu guddem Iessen, deen eppes op sech hält: Fleesch, Gromperen … an natierlech lëtzebuergesche Ketchup!
- -4 Burgerbréidercher
- -Hamburgeren
- -1 Tomat
- -Ueleg
- -Salz
- -4 sauer Kornischongen
- -4 Blieder Laitue
- -Cheddar
- -400 g Gromperen
- -50 g Botter
- -Lëtzebuergesche Ketchup
![Classic Burger](https://i0.wp.com/moutarderie.lu/wp-content/uploads/2015/04/Assiette_burger.png?fit=1000%2C500&ssl=1)
- 1De Schäffchen op 180 °C erhëtzen.
- 2D’Tomat schielen an a Rondele schneiden.
- 3D’Kornischongen an d’Ënn a Rondele schneiden.
- 4Den Ueleg an enger Pan waarm maachen.
- 5D’Hamburgeren salzen a liicht ubroden.
- 6Wann d’Hamburgere liicht brong sinn, se aus der Pan huelen an eng Tranche Cheddar dropleeën.
- 7Zesumme mat dem ieweschten Deel vun de Burgerbréidercher 5 Minutten am Schäffche baken.
- 8E Blat Laitue op déi aner Halschent vun de Burgerbréidercher leeën.
- 9D’Hamburgeren aus dem Schäffchen huelen, op d’Laitue leeën a lëtzebuergesche Ketchup drop maachen. Wie méi e groussen Appetit huet, ka selbstverständlech och 2 Hamburgeren op e Bréitche leeën ...
- 10E Rondel Tomat, e Blat Laitue, e Rondel Kornischong, e Rondel Ënnen an dat Iewescht vun de Burgerbréidercher drop leeën.
- 11D’Gromperen a Rondele schneiden, wäschen an ofdrëpse loossen.
- 12De Botter an enger Pan schmëlzen an d’Grompere mat e bësse Salz draleeën.
- 1310 Minutten ubroden a regelméisseg réien.
- 14Lo muss dat Ganzt just nëmmen nach schéin op engem Teller – mat Ketchup oder Andalouse – arrangéiert ginn a scho kënnt Dir lassleeën!