- -Fir d’ageluechten Ennen:
- -1 rout Enn
- -70g Zocker
- -80ml Roudwäinesseg
- -1 ½ Téiläffel Salz
- -5 schwaarz Pefferkären
- -Fir den Coleslaw:
- -300g wäissen Kabes
- -1 klengen Apel
- -1 Iessläffel Limettejus
- -1 Iessläffel flëssegen Hunneg
- -1 Iessläffel Olivenueleg
- -3 Iessläffel Koriander, gehackt
- -Salz
- -Tacos:
- -120g gesalzten Tortillachips
- -20g Miel
- -1 Ee
- -400g Kabeljau
- -Ueleg, fir ze broden
- -8x16cm Weizentortilla Wraps oder 16x12cm Maistortillas
- -Salz a Peffer
- -Fir ze zerwéieren : Aïoli an Limettenscheiwen
- 1Mat den ageluechten Ennen ufänken. Di rout Enn schielen, an zwee schneiden an an dënn Tranchen schneiden. An eng Schossel ginn.
- 2Den Zocker, Esseg, Salz an schwaarz Pefferkären an en klengt Dëppen ginn an opkachen. D’Flessechkeet iwwert d’Ennen schëdden, zoudecken an bei Zëmmertemperatur 3 Stonnen oder iwwer Nuecht zeien loossen (no 3 Stonnen an de Frigo stellen).
- 3An der Tëschenzäit den Coleslaw preparéieren. Den Stronk vum Kabes erausschneiden an an dënn Sträifen schneiden – am beschten mat enger Mandolinn. An eng Schossel ginn. Den Apel ronderëm de Batz rappen an bei de Kabes ginn. Mat e bëssi Salz bestreeë an eng Minutt laang masséieren, fir d’Faseren ze briechen.
- 4De Kabes mat dem Limettejus, Hunneg an Olivenueleg vermëschen. De Koriander derbäiginn an mat Salz, Peffer an Limettejus ofschmaachen. Vermëschen an 30 Minutten op d’Säit stellen.
- 5D’Tortilla Chips an eng Titchen ginn an mat enger Bakrull zerdrécken bis se wéi Panéiermiel ausgesinn. Op en Teller schëdden.
- 6D’Miel op en zweeten Teller schëdden an mat Salz a Peffer wierzen. D’Ee an en déiwen Teller ginn a verquirlen.
- 7De Fësch an 16 Stäbecher schneiden. All Fischstäbchen am Miel rullen, dann an d’Ee zappen an dann an den Tortillagrimmelen wenden, sou dass se iwwerall bedeckt sinn.
- 8Wann d’Fischstäbecher panéiert sinn, genuch Ueleg an enger Pan erhëtzen, sou dass den Buedem bedeckt ass. D’Fischstäbchen 5 Minutten laang frittéieren, an se e puermol dréien, bis se op alle Säiten gutt gebroden sinn. Op Kichepabeier ofdrëpsen.
- 9D’Tortillas virum zerwéieren erhëtzen: d’Tortillas eenzel an eng waarm, dréchen Pan leen an kuerz op béiden Säiten réischteren.
- 10D’Tortillas mat Coleslaw beleeën. Jeeweils een Fischstäbchen op di kleng Maistortillas leen, oder 2 op di mi grouss Weizentortillas. Mat ageluechten Ennen beleeën.
- 11E puer Iessläffel Aïoli mat e bëssi Waasser vermëschen, fir d’Zooss mi flësseg ze maachen, an iwwert d’Tacos traufelen. Mat Limettenscheiwen zerwéieren.