Fësch Tacos mat Aïoli

Schwieregkeetsgrad 4/5

Fir 4 Persounen – Marinéieren: 3 Stonnen am Viraus – Preparatioun: 1 Stonn. Rezept vun Anne’s Kitchen.

  • -Fir d’ageluechten Ennen:
  • -1 rout Enn
  • -70g Zocker
  • -80ml Roudwäinesseg
  • -1 ½ Téiläffel Salz
  • -5 schwaarz Pefferkären
  • -Fir den Coleslaw:
  • -300g wäissen Kabes
  • -1 klengen Apel
  • -1 Iessläffel Limettejus
  • -1 Iessläffel flëssegen Hunneg
  • -1 Iessläffel Olivenueleg
  • -3 Iessläffel Koriander, gehackt
  • -Salz
  • -Tacos:
  • -120g gesalzten Tortillachips
  • -20g Miel
  • -1 Ee
  • -400g Kabeljau
  • -Ueleg, fir ze broden
  • -8x16cm Weizentortilla Wraps oder 16x12cm Maistortillas
  • -Salz a Peffer
  • -Fir ze zerwéieren : Aïoli an Limettenscheiwen
Fësch Tacos mat Aïoli

  1. 1Mat den ageluechten Ennen ufänken. Di rout Enn schielen, an zwee schneiden an an dënn Tranchen schneiden. An eng Schossel ginn.
  2. 2Den Zocker, Esseg, Salz an schwaarz Pefferkären an en klengt Dëppen ginn an opkachen. D’Flessechkeet iwwert d’Ennen schëdden, zoudecken an bei Zëmmertemperatur 3 Stonnen oder iwwer Nuecht zeien loossen (no 3 Stonnen an de Frigo stellen).
  3. 3An der Tëschenzäit den Coleslaw preparéieren. Den Stronk vum Kabes erausschneiden an an dënn Sträifen schneiden – am beschten mat enger Mandolinn. An eng Schossel ginn. Den Apel ronderëm de Batz rappen an bei de Kabes ginn. Mat e bëssi Salz bestreeë an eng Minutt laang masséieren, fir d’Faseren ze briechen.
  4. 4De Kabes mat dem Limettejus, Hunneg an Olivenueleg vermëschen. De Koriander derbäiginn an mat Salz, Peffer an Limettejus ofschmaachen. Vermëschen an 30 Minutten op d’Säit stellen.
  5. 5D’Tortilla Chips an eng Titchen ginn an mat enger Bakrull zerdrécken bis se wéi Panéiermiel ausgesinn. Op en Teller schëdden.
  6. 6D’Miel op en zweeten Teller schëdden an mat Salz a Peffer wierzen. D’Ee an en déiwen Teller ginn a verquirlen.
  7. 7De Fësch an 16 Stäbecher schneiden. All Fischstäbchen am Miel rullen, dann an d’Ee zappen an dann an den Tortillagrimmelen wenden, sou dass se iwwerall bedeckt sinn.
  8. 8Wann d’Fischstäbecher panéiert sinn, genuch Ueleg an enger Pan erhëtzen, sou dass den Buedem bedeckt ass. D’Fischstäbchen 5 Minutten laang frittéieren, an se e puermol dréien, bis se op alle Säiten gutt gebroden sinn. Op Kichepabeier ofdrëpsen.
  9. 9D’Tortillas virum zerwéieren erhëtzen: d’Tortillas eenzel an eng waarm, dréchen Pan leen an kuerz op béiden Säiten réischteren.
  10. 10D’Tortillas mat Coleslaw beleeën. Jeeweils een Fischstäbchen op di kleng Maistortillas leen, oder 2 op di mi grouss Weizentortillas. Mat ageluechten Ennen beleeën.
  11. 11E puer Iessläffel Aïoli mat e bëssi Waasser vermëschen, fir d’Zooss mi flësseg ze maachen, an iwwert d’Tacos traufelen. Mat Limettenscheiwen zerwéieren.