- -4 Tortilla Wraps
 - -480 g Kicherierbessen, ofgeschott
 - -2 Iessläffel Tomatekonzentrat
 - -1 Iessläffel Zitrounejus
 - -3 Téiläffel Currypolver
 - -1/2 Téiläffel Kräizkümmel, gemuelen
 - -Salz a Peffer
 - -2 Iessläffel feste Jughurt
 - -2 Iessläffel Aïoli
 - -2 Iessläffel Mango Chutney (oder Ahornsaft, Agavendicksaft, Hunneg, Aprikosegebeess)
 - -10g Péiterséileg, frësh reng gehackt
 - -60g Babyspinat
 - -120g Muerten, geraaspelt
 - -100g Kornischong
 - -2 Tomaten
 
							- 1D’Kicherierbessen an eng Schossel ginn a mat Tomatekonzentrat, Zitrounejus, Curry, Kräizkümmel, Salz a Peffer vermëschen. Mat enger Forschett d’ Kicherierbesse graff zerdrécken. Péiterséileg (reng gehackt), Mango Chutney, Jughurt an Aïoli dobäiginn a gutt réieren.
 - 2De Babyspinat wäschen, Kornischong a Sträifen schneiden, Tomaten véierelen a Muerte raaspelen.
 - 3D’Tortilla Wraps no Uweisungen op der Packung opwiermen.
 - 4De Wrap zesummesetzen : Babyspinat op den Tortillas verdeelen, da ¼ vun der Kicherierbes Mëschung op all Tortilla Wrap sträichen a mat den aneren Ingrediente beleeën (Muerten, Kornischong, Tomaten).
 - 5D’Tortillas fest oprullen an an enger Pan vu béide Säiten 30 bis 60 Sekonne laang liischt ubroden.
 
