Nuddele mat Champignonen
Schwieregkeetsgrad
![3/5](https://moutarderie.lu/wp-content/themes/moutarderie/img/difficult_3.png)
E séiert Rezept – ideal am Hierscht – mat lëtzebuergeschem Moschter „à l’ancienne“ fir all d’Amateure vun Nuddelen a Champignonen.
- -5 Champignonen (am beschte frëscher!)
- -1 Zoppeläffel lëtzebuergesche Moschter „à l’ancienne“
- -2 Zoppeläffele Crème fraîche
- -Nuddelen (egal wéi eng Zort)
- -Salz
- -Peffer
- -Curry
![Nuddele mat Champignonen](https://i0.wp.com/moutarderie.lu/wp-content/uploads/2015/05/Assiette_pate.png?fit=1000%2C500&ssl=1)
- 1D’Champignonen an enger Pan ubroden.
- 2D’Nuddelen an engem Dëppe mat Salzwaasser kachen.
- 3De lëtzebuergesche Moschter „à l’ancienne“ bei d’Champignone maachen.
- 4D’Crème fraîche an de Curry derbäimaachen.
- 5Salzen, pefferen an d’Nuddelen ofschëdden.
- 6D’Sauce op d’waarm Nuddele maachen an Iech et schmaache loossen!