- -2 Burgerbréidercher
- -2 Saumonsfileten (jee 150-200g)
- -Maiséierchers Zalot
- -4 Iessläffele Quark mat Crème
- -Gedréchent Cranberries
- -Dëll
- -1/3 Zitroun
- -2 TL Moschter „l’originale“
- -1 TL Moschter à l’ancienne
- -2-3 TL flëssegen Hunneg
- -Salz a Peffer
- 1D'Saumonsfileten mat Zitrounejus beträufelen, dann no Goût mat Salz a Peffer wierzen. Entweder um Grill (am beschten op enger „Holzplank“grillen) oder am Schäffche baken.
- 220-25 Minutte bei 180 Grad Celsius (ofhängeg vun der Déckt vun de Fileten an der gewënschter Gaarheet).
- 3An der Zwëschenzäit d'Hunneg-Moschterzooss virbereeden: Hunneg, Moschter, 3-4 Sprëtzer Zitrounejus an Dëll vermëschen. Schlussendlech mat Salz a Peffer wierzen.
- 4Als nächst de Quark mat de Cranberries, Salz a Peffer virbereeden.
- 5Burgerbréidercher an enger Pan a Botter toasten.
- 6Burger opbauen : Bun Buedem, 2 Iessläffele Quark,e puer Blieder Maiséierchers Zalot, De Saumon (Wichteg: de Saumen liicht mat zwou Forschetten auserneezupfen), Hunneg-Moschterzooss dropsträichen, Bundeckel
