Schwéngsbrot mat Moschter a Hunneg

Schwieregkeetsgrad 2/5

Preparatioun 20 Min • Schäffchen 90 Min • Rezept vun Lolo et sa Tambouille.

  • -1kg Schwéngsbrot
  • -1 Téiläffel Moschter «l‘originale »
  • -1 Téiläffel Moschter «à l’ancienne“
  • -1 Iessläffel Hunneg
  • -2 Ënnen
  • -25 cl Héngerbritt
Schwéngsbrot mat Moschter a Hunneg

  1. 1De Schäffchen op 180°C erhëtzen.
  2. 2D’Ënne schielen, a reng Tranchë schneiden an an enger Form fir an de Schäffche verdeelen.
  3. 3Déi zwou Zorte Moschter mam Hunneg an enger Schossel vermëschen an de Brot domat ganz apinselen.
  4. 4D’Fleesch op d’Ënnen an d’Form leen an d’Héngerbritt dra schëdden.
  5. 5Ongeféier 90 min am Schäffchen baken.
  6. 6Mat engem schaarfen Messer préiwen, ob den Schwéngsbrot duerch ass. (Kerntemperatur 65°-70°)