- -1 Spare Ribs « St Louis » pro Persoun
 - -500 ml BBQ Zooss vun der Moutarderie de Luxembourg
 - -1 L Äppeljus
 - -100 ml Ahornsirop
 - -50 g Miersalz
 - -100 g Paprikapolver
 - -100 g Rouerzocker
 - -2 EL Knueweleck am Polver
 - -1 EL Ënnen am Polver
 - -1 EL gemuelene schwaarze Peffer
 - -1 EL Cayennepeffer
 - -1 EL Kümmel am Polver
 - -1 TL Moschter am Polver
 
							- 1Mësch all d’Ingrediente fir eng dréche Marinade an enger Schossel
 - 2D’Spare Ribs mat der Marinade areiwen
 - 3Se an e Plat leeën, mat Folie zoudecken a minimum 2 Stonne marinéiere loossen
 - 4500 ml BBQ Zooss vun der Moutarderie de Luxembourg mat 100 ml Ahornsirop an enger zweeter Schossel mëschen
 - 5De Schäffchen op 120°C Ëmloft virwiermen
 - 6Leet d’Spare Ribs op e Grill mat engem Opfangblech drënner
 - 7Während 3 Stonne kachen
 - 8D’Fleesch aus dem Schäffchen huelen an an Aluminiumspabeier awéckelen. Schëdd e bëssen Äppeljus deran. Weiderkachen op 120°C
 - 9No anerhallwer Stonn d’Spare Ribs aus dem Schäffchen huelen an den Aluminiumspabeier ewechhuelen
 - 10De Melange BBQ Zooss mat Ahornsirop op d‘Fleesch pinselen. Zréck an de Schäffche stellen a weider 30 bis 45 Minutten op 120°C kachen
 - 11D’Spare Ribs si fäerdeg wa se schéi carameliséiert sinn