Tierkesch Fleeschbällecher

Schwieregkeetsgrad 2/5

Mécht  25-30 Fleeschbällecher • Preparatioun : 15 Min. • Kachen : 10 Min • Rezept vun reyhanskitchenn

  • -800g Rëndsgehacktes (mat 20% Fett)
  • -1 grouss Enn
  • -1 Ee
  • -25g Péiterséileg, reng gehackt
  • -½ TL Paprikapolver
  • -1 TL schwarze Peffer
  • -1 TL Salz
  • -½ Tasse panéier Miel (60 g)
  • -1 TL Bakpolver
  • -Ueleg, fir ze broden
Tierkesch Fleeschbällecher

  1. 1An enger grousser Schossel gëtt d’Fleesch mat der Enn, Ee, Péiterséileg, Paprikapolver, panéier Miel, Peffer, Salz a Bakpolver gutt vermëscht.
  2. 225 bis 30 Bällercher formen, an se dann e bësse platt drécken.
  3. 3Den Ueleg an enger Pan erhëtzen. D’Fleeschbällecher ubrode bis se brong sinn (ongeféier 4-5 Minutten op béide Säiten). Aus der Pan huelen an op engem Teller mat Kichepabeier ofdrëpsen. Dës Etapp widderhuele bis all Bällecher ugebrode sinn.
  4. 4Mat Tomatenscheiwen an enger Zwiwwelzalot zerwéieren (Zwiwwel reng hacken a mat Péiterséileg, Sumac Gewierz an Olivenueleg vermëschen). Ketchup a Moschter fir ze dippen.