Tierkesche Gromperenzalot

Schwieregkeetsgrad 2/5

Fir 4 Pers. • Rezept vun reyhanskitchenn

  • -Fir d’Zalot
  • -800 g Gromperen (ongeféier 5–6 mëttelgrouss Gromperen)
  • -½ Botz frëschen Péiterséileg, fein gehackt (ongeféier 20–25 g)
  • -¼ Botz frëschen Dill, fein gehackt (ongeféier 10–15 g)
  • -3 Fréijoerszwiwwelen, fein geschnidden
  • -1 kleng rout Zwiwwel, dënn geschnidden
  • -Fir den Dressing
  • -1½ EL Mayonnaise « aux œufs »
  • -2 TL Moschter « à l’ancienne »
  • -2 EL extra virgin Olivenueleg
  • -1 EL roude Wäinessig
  • -1 TL frësche Zitrounejus
  • -¾ TL feint Mieresalz, oder no Goût
  • -¼ TL frësch gemuelene schwaarze Peffer
Tierkesche Gromperenzalot

  1. 1D’Gromperen mat der Schuel kachen, bis se mëll sinn– ongeféier 20–25 Minutten. Ofschëdden a sou wäit ofkille loossen, datt een se gutt upake kann.
  2. 2D’Gromperen schielen wann se nach liicht waarm sin, an an mondgerecht Stécker schneiden.
  3. 3An enger grousser Schossel d’Mayonnaise, den Moschter, den Olivenueleg, de roude Wäinessig, den Zitrounejus, d’Salz an de schwaarze Peffer gutt matenee vermëschen, bis eng glat Zooss entsteet.
  4. 4Péiterséileg, Dill, Fréijoerszwiwwelen an déi rout Zwiwwel bei den Dressing ginn a virsiichteg vermëschen, bis alles gutt mat der Zooss bedeckt ass.
  5. 5Déi nach waarm Gromperen dobäiginn an alles virsiichteg ënnerhiewen, bis d’Gromperen gläichméisseg mat der Zooss bedeckt sinn. Opgepasst, datt d’Gromperen net zerfalen.
  6. 6D’Zalot 20–30 Minutte raschte loossen, fir datt d’Aromen sech gutt verbannen.
  7. 7Servéiervirschlag : D’Zalot bei Raumtemperatur zerwéieren. Si passt besonnesch gutt bei gegrilltem Fleesch, Fësch oder Barbecue-Gerichter.