- -8 Wäinzoossissen
- -1 klengt Stéck Botter
- -1 Schallott
- -1 ZL Moschter
- -10 cl Riesling
- -10 cl Rahm
- -1 ZL Fleeschjus
- 1An enger Pan d’Wäinzoossissen am Botter op héijer Flam vun zwou Säite während 5 Min. ubroden. Duerno d’Temperatur erofdréinen, fir dass se och bannen duerch ginn.
- 2Preparatioun vun der Moschterzooss
- 3D’kleng geschnidde Schallott am Botter ubroden, bis se glaseg ass.
- 4E Läffel Moschter derbäiginn a mat engem hëlzene Läffel réieren.
- 5Mat dem Riesling an dem Fleeschjus ofläschen an de Moschter opléisen. 2/3 akache loossen, duerno d’Rahm derbäiginn an nach emol d’Halschent akache loossen.
- 6D’Wäinzoossiss mat Moschterzooss a Gromperepurée zerwéieren.