Polenta Fritten

Schwieregkeetsgrad 1/5

Fir 2 Persounen – Preparatioun:  5 Min – Schäffchen: 30-35 Minutte – Ruhezäit : 1-2 Stonnen. Rezept vun Vegelizious.

  • -150g Polenta
  • -275 ml Mëllech
  • -275 ml Geméisbouillon
  • -1 Knuewelekszéif, zerdréckt
  • -2 - 3 Iessläffel Kraider, gehackt (z.B Péiterséileg, Thymian, Rosmarin)
  • -Salz an Peffer
  • -Samouraï Zooss, fir ze zerwéieren 
Polenta Fritten

  1. 1D’Mëllech an der Bouillon bei mëttlerer Hetzt zum kache bréngen. D’Polenta derbäiginn an weider 3 Minutten ënner stännegem Réieren kachen.
  2. 2D’ Knuewelekszéif zerdrécken, d’Kraider reng hacken an zesummen mat der Polenta vermëschen. Mat Salz an Peffer wierzen.
  3. 3D’Polenta op een mat Bakpabeier beluechtent Backblech gläichméisseg verdeelen (ongeféier 1 bis 2 cm déck). Ofkille loossen a fir mindestens 1-2 Stonnen ant Killtru stellen (oder puer Stonnen an de Frigo) bis d‘Polenta haart ginn ass.
  4. 4De Schäffchen op 220°C virhëtzen.
  5. 5D’Polenta op een Kichebriet stierzen. D’Polenta an „Fritten Stécker“ schneiden (ongeféier 1 bis 2cm breet). D’Fritten op een mat Bakpabeier beluechtent Blech leeën an genuch Plaz tëscht de Fritten loossen.
  6. 6Am Schäffche fir 30-35 Minutte baken, dobäi an der haltschegt vun der Zäit emdreien fir dass déi Fritten gläichméisseg gëlle ginn.
  7. 7Mat Samouraï Zooss fir ze dippen zerwéieren.