Quiche mat Ënnen

Schwieregkeetsgrad 2/5

Fir 4 Persounen • Virbereedung : 15 Min • Ofen : 30 Min • Rezept vun Recette 7.

  • -4 Ënnen
  • -1 Rull Bliederdeeg
  • -100g Mozzarella, ofgeschott an als Stécker geschnidden
  • -2 Téiläffel Moschter “original”
  • -Fir de Flan:
  • -2 Eeër
  • -200ml Ram
  • -1 Téiläffel Ueleg
  • -Salz, Peffer, Herbes de Provence
Quiche mat Ënnen

  1. 1D’Ënnen schielen an an reng Tranchen schneiden, an enger Pan mat e bësse ueleg ubroden bis se mëll sinn. Mat e bëssi Salz a Peffer wierzen. Vun der Kachplack huelen an op d’Säit stellen wärend de Rescht preparéiert gëtt.
  2. 2De Schäffchen op 180°C virhëtzen.
  3. 3De Bliederdeeg op engem Bakblech ausrullen. Den Deeg mat enger Forschette e puer mol apicken, da mam Moschter besträichen. D’Ënnen driwwer verdeelen.
  4. 4Fir de Flan: An enger Schossel d’Eeër opschloen a mat der Ram verréieren. Mat Salz, Peffer an Herbes de Provence wierzen an de Flan iwwert d’Quiche schëdden.
  5. 5D’Mozzarella Stécker iwwert der Quiche verdeelen an d’Quiche eng 25 bis 30 Minutten am Schäffchen baken.
  6. 6Mat enger grénger Zalot zerwéieren.