- -1 Enn
- -100g gereechert Spreckscheiwen
- -3 Thymian Branchen
- -1 Iessläffel Sonneblummenueleg
- -2 Knueweleckszeiwen
- -400g Bécks gehackten Tomaten
- -1 Iessläffel Worcestersauce
- -1 Iessläffel Ketchup
- -1 Iessläffel Barbecue Zooss
- -1 Téiläffel Moutarde Forte
- -500g Bécks wäiss Bounen
- -Salz a Peffer
- -Fir ze zerwéieren:
- -Péiterséileg
- -Getoasten Brout
- 1D’Enn schielen an reng hacken, den Speck reng hacken. D’Blieder vum Thymian ofpicken. Den Ueleg an engem groussen Deppen erhëtzen an d’Enn, Speck an Thymian mat enger Pouz Salz 8 Minutten laang ubroden, bis d’Ennen schéin gebroden sinn. D’Knueweleckszeiwen schielen an pressen an eng weider Minutt mat ubroden.
- 2Gehackten Tomaten, Worcestershire Zooss, Ketchup, Barbecue Zooss, an Moschter dobäiginn a mat Salz a Peffer wierzen. 5 Minutten kachen loossen.
- 3D’Bounen ofgéissen an ofwäschen, dobäi ginn an mat engem Deckel zougedeckt 4 Minutten kachen loossen – dobäi vun Zäit zu Zäit emreieren.
- 4Den Deckel erofhuelen an nach weider 4 Minutten kachen loossen.
- 5D’Baked Beans op engem Stéck Toast Brout uriichten an mat Péiterséileg bestreeë.