- -Vinaigrette :
- -1 Téiläffel Moschter « l’originale »
- -1 Téiläffel Olivenueleg
- -1 Téiläffel Balsamicoesseg
- -1 Iessläffel Waasser
- -½ Téiläffel Ahornsirup (oder : Hunneg, Agavendicksaft, Zocker)
- -1/8 Téiläffel Knuewelekspolver
- -2 Téiläffel Ajvar (oder Tomatekonzentrat)
- -1 Téiläffel Basilikum, gedréchent
- -Salz a Peffer
- -Fir d'Zalot :
- -75 g Kornischong, gewierfelt
- -75 g brong Lënsen, aus der Béchs, ofgeschott
- -7 Kiischtetomaten, gevéierelt
- -75 g giele Paprika, gewierfelt
- -40 g Wëllkar, net gekacht (oder : Schmull, Quinoa)
- -40g Feta, gewierfelt
- -½ Piisch, gewierfelt
- -10 g Pistaschen (oder Nëss)
- -5 g Basilikum, frësch (+/- e Grappvoll), grob gehackt
- -30 g Babyspinat, grob gehackt
- 1De Wëllkar botzen, an en Deppe mat gesalztem Waasser ginn a 10 Minutte kachen. Ofschëdden a mat kalem Waasser ofschwenken.
- 2D’Ingrediente fir d’Vinaigrette an ee Glas ginn a mat enger Forschett gutt mëschen.
- 3D’Glas mat den verschieddene Ingredienten an dëse Reiefolleg fëllen : Kornischong, Lënsen, Tomaten, Paprika, Wëllkar, Feta, Piisch, Pistaschen, Basilikum (frësch), Babyspinat. D’Glas zoumaachen a bis zum Gebrauch kal stellen.
- 4Virum Iessen an engem Zoppenteller ausschëdden a gutt mëschen fir dat d’Vinaigrette gläichméisseg verdeelt ass.