Summerlech Zalot am Glas

Schwieregkeetsgrad 2/5

Fir 1 Pers. • Preparatioun: 10 Min • Kachen: 10 Min • Rezept vun Vegelizious

  • -Vinaigrette :
  • -1 Téiläffel Moschter « l’originale »
  • -1 Téiläffel Olivenueleg
  • -1 Téiläffel Balsamicoesseg
  • -1 Iessläffel Waasser
  • -½ Téiläffel Ahornsirup (oder : Hunneg, Agavendicksaft, Zocker)
  • -1/8 Téiläffel Knuewelekspolver
  • -2 Téiläffel Ajvar (oder Tomatekonzentrat)
  • -1 Téiläffel Basilikum, gedréchent
  • -Salz a Peffer
  • -Fir d'Zalot :
  • -75 g Kornischong, gewierfelt
  • -75 g brong Lënsen, aus der Béchs, ofgeschott
  • -7 Kiischtetomaten, gevéierelt
  • -75 g giele Paprika, gewierfelt
  • -40 g Wëllkar, net gekacht (oder : Schmull, Quinoa)
  • -40g Feta, gewierfelt
  • -½ Piisch, gewierfelt
  • -10 g Pistaschen (oder Nëss)
  • -5 g Basilikum, frësch (+/- e Grappvoll), grob gehackt
  • -30 g Babyspinat, grob gehackt
Summerlech Zalot am Glas

  1. 1De Wëllkar botzen, an en Deppe mat gesalztem Waasser ginn a 10 Minutte kachen. Ofschëdden a mat kalem Waasser ofschwenken.
  2. 2D’Ingrediente fir d’Vinaigrette an ee Glas ginn a mat enger Forschett gutt mëschen.
  3. 3D’Glas mat den verschieddene Ingredienten an dëse Reiefolleg fëllen : Kornischong, Lënsen, Tomaten, Paprika, Wëllkar, Feta, Piisch, Pistaschen, Basilikum (frësch), Babyspinat. D’Glas zoumaachen a bis zum Gebrauch kal stellen.
  4. 4Virum Iessen an engem Zoppenteller ausschëdden a gutt mëschen fir dat d’Vinaigrette gläichméisseg verdeelt ass.