Dillsauce
Schwieregkeetsgrad
![2/5](https://moutarderie.lu/wp-content/themes/moutarderie/img/difficult_2.png)
D’ideaalt Rezept, fir bei all Äre festleche Platen ze zerwéieren: e bësse lëtzebuergesche Moschter „original“, e bëssen Dill a ganz vill Léift!
- -3 Zoppeläffele Moschter „original“
- -3 Zoppeläffelen Hunneg
- -3 Zoppeläffelen Ueleg
- -3 Zoppeläffele wäissen Esseg
- -1 Bouquet Dill
- -Salz
- -Peffer
![Dillsauce](https://i0.wp.com/moutarderie.lu/wp-content/uploads/2015/05/01-sauceaneth_assiette.png?fit=1000%2C500&ssl=1)
- 1Den Dill kleng schneiden.
- 2De lëtzebuergesche Moschter „original“ mam Hunneg an Ueleg mëschen.
- 3Den Esseg, Salz, Peffer an de gehackten Dill derbäimaachen.
- 4An de Frigo stellen.
- 5Réischt kuerz virum Zerwéieren aus dem Frigo huelen.