Eeër Mimosa
Schwieregkeetsgrad
![2/5](https://moutarderie.lu/wp-content/themes/moutarderie/img/difficult_2.png)
4 Ingrediente fir en onwidersteelecht Rezept mat Mayonnaise „aux œufs“, dat garantéiert der ganzer Famill schmaache wäert!
- -4 Eeër
- -Lëtzebuergesch Mayonnaise „aux œufs“
- -Laitue
- -Gehackte Péiterséileg
![Eeër Mimosa](https://i0.wp.com/moutarderie.lu/wp-content/uploads/2015/05/01-mimosa_assiette.png?fit=1000%2C500&ssl=1)
- 1D’Eeër 10 Minutte kachen an duerno a kaalt Waasser dauchen.
- 2D’Eeër schielen an der Längt no an 2 schneiden.
- 3D’Eewäiss vum Dueder trennen.
- 4Den Dueder zergrimmelen an d’Halschent mat der lëtzebuergescher Mayonnaise „aux œufs“ mëschen.
- 5D’Eewäiss mat dëser Mëschung fëllen. De reschtleche gegrimmelten Dueder driwwerstreeën.
- 6D’Eeër op Laituesblieder setzen, gehackte Péiterséileg driwwerstreeën an zerwéieren.