Gequëtschte Gromperen
Schwieregkeetsgrad
![1/5](https://moutarderie.lu/wp-content/themes/moutarderie/img/difficult_1.png)
Fir 4 Pers • Preparatioun : 10 min • Kachen : 40 min • Rezept vun Vegelizious
- -1kg Gromperen (kleng)
- -4 Iessläffel Olivenueleg
- -2 Téiläffel Knuewelekpolver
- -2 Téiläffel Thymian, gedréchent
- -1 Téiläffel Paprikapolver
- -Salz
- -Péiterséileg, frësh
- -Samouraï Zooss
![Gequëtschte Gromperen](https://i0.wp.com/moutarderie.lu/wp-content/uploads/2024/03/smashed-potatoes-serving.png?fit=940%2C788&ssl=1)
- 1De Schäffchen op 220°C erhëtzen.
- 2Gromperen an een Deppe mat Waasser ginn an opkachen. Wann d’Waasser kacht, d’Gromperen 10 Minutte kache bis se duerch sinn. Ofschëdden a kuerz ofkille loossen.
- 3D’ Gromperen op ee mat Bakpabeier beluechten Blech leeën a mat engem Glas platt drécken.
- 4D‘Marinade preparéieren: Ueleg mat Thymian a Paprikapolver mëschen an d‘Gromperen domadder besträichen. 30-35 Minutte am Schäffche baken bis se gëllen a knuspereg sinn.
- 5Mat Salz a Péiterséileg bestreeën a mat Samouraï als Dip zerwéieren.