Oepsies mat schaarfem Coleslaw

Schwieregkeetsgrad 2/5

Mécht 12 Oepsies (fir 2 Pers.als Haaptplat oder 4 als Snack) – Preparatioun: 1 Stonn (+ 1 Nuecht marinéieren). Rezept vun Anne’s Kitchen.

 

  • -Fir d’Oepsies:
  • -150g gereechert Specksträifen
  • -100g BBQ Zooss
  • -30g Ketchup
  • -1 Iessläffel Sojaszooss
  • -40g Hunneg
  • -1 Iessläffel brongen Zocker
  • -1 Iessläffel Oregano
  • -Fir de Coleslaw:
  • -1 Maiskolben
  • -150g Kabes
  • -1 Fréijoerszwiwwel
  • -1 Wuerzel
  • -1 Bond Koriander
  • -40g Mayonnaise aux Oeufs
  • -60g Samouraï Zooss
  • -Salz a Peffer
  • -Limettenspalten fir ze zerwéieren
Oepsies mat schaarfem Coleslaw

  1. 1D’Oepsies een Owend virdrun marinéieren. Eng Specksträif der Längs no iwwert sech selwer klappen, sou dass eng mi dënn Sträif ensteht. En Spiiss duerch een Enn vun der Specksträif stiechen, de Speck dann em de Spiiss wéckelen an d’Enn vun der Specksträif nach eng Kéier apicken fir se ze fixéieren. Di fäerdeg Spiisser op en groussen Plat leeën.
  2. 2D’BBQ Zooss, de Ketchup, d’Sojaszooss, den Hunneg, de brongen Zocker an den Oregano mëschen.
  3. 3D’Spiisser ganz ronderëm mat der Marinade bepinselen, fir dass de Speck iwwerall gutt bedeckt ass. Mat Frëschhaltefolie ofdecken an iwwer Nuecht am Frigo marinéieren loossen.
  4. 4De nächsten Dag den Coleslaw preparéieren. De Grill erhëtzen an den Maiskolben eng 25 Minutten grillen, dobäi reegelméisseg dréien, bis en duerch ass an zu deels e bëssi ugebrannt ass. Kuer ofkillen loossen wärend een de Rescht Geméis virbereet.
  5. 5De Kabes an d’Fréijorszwiwwel a fein Sträifen schneiden an an eng grouss Schossel ginn. D’Wuerzel schielen, rappen an an d’Schossel derbäi ginn. De Koriander hacken an och an d’Schossel ginn.
  6. 6Eng Zoppeschossel verkéiert an eng grouss Schossel stellen, sou dass se wéi eng Kuppel an der Schossel steet. De Maiskolben op de Buedem vun der Zoppeschossel stellen an d’Kären ofschneiden, sou dass se an di grouss Schossel falen. De Mais bei di aner Ingredienten an d’Schossel derbäi ginn.
  7. 7D’Mayonnaise an d’Samouraï Zooss bei d’Geméis an der Schossel ginn a gutt vermëschen. Mat Salz a Peffer ofschmaachen a bis zum Zerwéieren an de Frigo stellen.
  8. 8D’Oepsies grillen bis se op alle Säiten schéin brong sinn – dat dauert ongeféier 5 Minutten. Op en Zerweierteller leen an mat Coleslaw an Limettenspalten zerwéieren.