Eeër Mimosa

Schwieregkeetsgrad 2/5

4 Ingrediente fir en onwidersteelecht Rezept mat Mayonnaise „aux œufs“, dat garantéiert der ganzer Famill schmaache wäert!

  • -4 Eeër
  • -Lëtzebuergesch Mayonnaise „aux œufs“
  • -Laitue
  • -Gehackte Péiterséileg
Eeër Mimosa

  1. 1D’Eeër 10 Minutte kachen an duerno a kaalt Waasser dauchen.
  2. 2D’Eeër schielen an der Längt no an 2 schneiden.
  3. 3D’Eewäiss vum Dueder trennen.
  4. 4Den Dueder zergrimmelen an d’Halschent mat der lëtzebuergescher Mayonnaise „aux œufs“ mëschen.
  5. 5D’Eewäiss mat dëser Mëschung fëllen. De reschtleche gegrimmelten Dueder driwwerstreeën.
  6. 6D’Eeër op Laituesblieder setzen, gehackte Péiterséileg driwwerstreeën an zerwéieren.